Glass Artist Pascale Seil

 

atelier-16

D’Pascale ass am Januar 1969 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an huet och de gréissten Deel vun hirem Liewen do verbruecht. 1987 huet si am Lycée des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg hiren Diplom als Keramikerin kritt.

Vun 1987 bis 1991 huet si dunn hir Studien zu Strossbuerg op der Universitéit vun de Bildende Kënscht weider gefouert an huet do och d’Glasbloserei enteckt. Si wor esou faszinéiert vun dëser Technik, dass si op Saumur a Frankräich weider gereest ass. Zu Saumur huet si dem Scott Slagermann assistéiert, e ganz bekannten amerikanesche Glasbléiser.

An der Schoul fir Glasbloserei CERFAV zu Vannes le Chätel a Frankräich, huet d’Pascale 1995 hiren Diplom an der Glasbloserei kritt.

Eppes méi spéit dunn huet si am (wonner)schéinen Duerf Bäerdref, mëtten am Mëllerdall, hiren eegene Glasstudio/Glasatelier opgemaach. Bis haut produzéiert si do kleng Serië vun Dëschdekoratioun an exklusiv, eenzegaarteg Skulpturen aus Glas. Hei inspiréiert si sech un der Natur ronderëm Bäerdref.